Situatioun an der GazasträifJared Kushner trëfft sech mat Vertrieder vun Hamas, Ägypten an Israel

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend huet sech den Eedem vum Donald Trump mat Vertrieder vun der Hamas an Ägypter gesinn. E Méindeg geet et weider an Israel.
© FABRICE COFFRINI/AFP

An de Bestriewungen ëm e Friddensdeal an der Gaza-Sträif huet den US-Mediateur Jared Kushner e Sonndeg den Owend Gespréicher an Ägypten mam President Al-Sisi gefouert. Ausserdeem soll hien och de Chef vun der Hamas gesinn hunn. Et wieren och Vertrieder vun anere Vermëttlerstaate derbäi gewiescht, notamment aus dem Katar an aus der Tierkei. Iwwer Resultater gouf bis ewell näischt matgedeelt.

E Méindeg gesäit de Kushner dann den israeelesche Premier Netanjahu. Israel refuséiert den amerikanesche Friddensplang bis ewell kategoresch, wat vu muslimesche Staate ferme kritiséiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO