
Den argentinesche President Javier Milei huet de spuenesche Premier Pedro Sánchez e Mëttwoch, am Kader vun enger Visitt zu Madrid als Diktator bezeechent. De Milei ass den Ament a Spuenien fir déi riets an déi rietsextreem Oppositiounsparteien virun den ustoende Parlamentswalen ze ënnerstëtzen.
"Spuenien huet Honnertdausenden Argentinier opgeholl, déi virum Misär an enger feelender Zukunft geflücht sinn, Friichte vum däischtere Sozialismus vum 21. Joerhonnert [...] deen dir reegelméisseg hutt missen erdroen ënnert dem Diktator Pedro Sánchez", esou de Milei bei enger Ried op engem Geschäftsforum.