Burkina FasoJunta huet Doudesstrof rëm agefouert

RTL mat AFP
Unanime hunn d'Membere vun der Assemblée législative du peuple ALP déi héchste Strof erëm an de Code pénal opgeholl.
Ënnert dem Ibrahim Traoré ass am Burkina Faso d'Doudesstrof rëm agefouert ginn.
Ënnert dem Ibrahim Traoré ass am Burkina Faso d'Doudesstrof rëm agefouert ginn.
© ANGELOS TZORTZINIS/AFP

Eestëmmeg ass de Vott ausgefall vun den net gewielte Membere vun der Assemblée législative du peuple ALP, déi zanter 2022 Deel vum Parlament ass. D'Doudesstrof gëtt am Burkina Faso, deen zanter bal véier Joer vun enger Junta dirigéiert gëtt, erëm agefouert. De Leader Ibrahim Traoré hat Enn 2025 déi entspriechend Pläng annoncéiert gehat.

Duerch déi Reform soll déi ëffentlech Uerdnung verstäerkt an d'Sécherheet vun de Bierger garantéiert ginn, sou de Justizminister an engem Message op de Soziale Medien. Bestrooft géifen ënnert anerem terroristesch Akten, Spionage, Landesverrot an d'Importéiere vun verbuedene Produiten, déi déidlech Suitte kënnen ausléisen. Réischt 2018 war d'Doudesstrof am westafrikanesche Land ofgeschaaft ginn.

Back to Top
CIM LOGO