DäitschlandJust nach 10% vun de Leit mat der Aarbecht vum Kanzler Friedrich Merz zefridden

Carine Lemmer
De Verdeedegungsminister Boris Pistorius huet däitlech besser Wäerter.
Am "Deutschlandtrend" kënnt de Bundeskanzler Merz net gutt ewech.

An Däitschland si just nach 10% vun de Leit mat der Aarbecht vum Kanzler Friedrich Merz zefridden. Dat geet op d’mannst aus dem Sondage vum "Deutschlandtrend" ervir.
De Verdeedegungsminister Boris Pistorius huet däitlech besser Wäerter. 50% fanne seng Aarbecht gutt, den Ausseminister Wadephul läit bei 34% an den Inneminister Dobrindt kënnt op 27%. Mam Vizekanzler a Finanzminister Lars Klingbeil vun der SPD ass nëmmen all 5. zefridden.

Stäerkste Partei an der Ëmfro bleift d'AfD mat 27 Prozent. D'Unioun läit wäit hannendru bei 20, déi Gréng kommen op déi 3. Plaz mat 16% an d'SPD läit bei 13%. 11% géifen déi Lénk wielen.

Back to Top
CIM LOGO