FrankräichKabinnepersonal bei Easyjet streikt, vill Flich falen aus

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich streikt d‘Kabinnepersonal vun der Airline Easyjet, iwwer 100 Volle betraff
Archivfoto
© MICHAEL BAHLO/dpa Picture-Alliance via AFP

Rieds geet vu méi wéi 100 Vollen, déi annuléiert goufen. D‘Mataarbechter protestéieren virun allem dogéint, datt hir Schaffpläng ëmmer erëm kuerzfristeg geännert ginn.

Déi zoustänneg Gewerkschaft huet a franséische Medien erkläert, et géife méi wéi d‘Hallschent vun de ronn 900 Leit vum Kabinnepersonal beim Streik matmaachen.

D'Fluchgesellschaft Easyjet ass no Airfrance déi zweetgréissten Airline a Frankräich, dat gemooss un de Passagéierzuelen.

Back to Top
CIM LOGO