Déi demokratesch Presidentschaftskandidatin Kamala Harris huet nach 75 Deeg Zäit, fir d’US-Wielerinnen a Wieler vu sech ze iwwerzeegen.
“D’Mëttelschicht nees opbauen an d’Land zesummebréngen, dat si meng zwee Haaptziler”, dat sot d’Kamala Harris an der Nuecht op e Freideg an hirer Ried fir den Ofschloss vum demokratesche Parteidag zu Chicago. Si wéilt eng Presidentin si vun allen Amerikaner.
De futtissen Awanderungssystem wéilt si, wa si Presidentin géif ginn, reforméieren. Donieft hätt si sech als Zil gesat, den amerikanesche Wirtschaftsmodell méi gerecht opzestellen.
Si wéilt sech engagéiere fir eng Wafferou am Noen Osten, huet sech awer och op d’Säit vun Israel a sengem absolutte Recht, sech ze verdeedegen, gestallt. Donieft stéing si och weider un der Säit vun der Ukrain an der Nato.
Ouni Iwwerraschung huet si dann och hir Nominatioun als Presidentschaftskandidatin acceptéiert.

Kloer Warnung virum Trump
Si huet dunn erkläert, wat mat hir am Wäissen Haus alles ustéing, mä huet et sech natierlech och net huele gelooss, op d’Geforen hinzeweisen, déi hirer Meenung no op d’USA duerkéimen, wann den Donald Trump nees President géif ginn. Dee géif d’Land nämlech nees no hanne geheien, mat engem extrem konservative Programm.
A groussen Deeler vun hirer Ried huet si e Kontrast mam Donald Trump gemoolt, deen eng Gefor fir d’Demokratie a fir déi sozial a wirtschaftlech Errongenschafte vun de leschte Joren a Joerzéngten duerstelle géing, dorënner d’Recht op Avortement.
Demokrate presentéieren e Bild vun enger Partei, déi zu 100 Prozent hannert hire Kandidate steet
Esou e Parteikongress ass e gewaltege Public-Relations-Spektakel, bis an de leschten Detail inzenéiert fir d’Delegéierten, d’Parteimemberen, d’Volontairen a besonnesch d’Parteibasis, fir de Presidentschaftskandidaten-Duo Kamala Harris an Tim Walz ze begeeschteren.
Wichteg war dobäi d’Prominenz, déi vun e Méindeg bis en Donneschdeg d’Stëmmung opgeheizt, Luefrieden op d’Kamala Harris gehalen a méi oder manner gehässeg Remarken iwwer den Donald Trump gemaach huet.

Een Zil dierften d’Demokraten um Kongress ganz sécher erreecht hunn, nämlech dat, e Bild vun enger Partei ze presentéieren, déi zu 100 Prozent hannert hire Kandidate steet. Dozou hu sécher politesch All Stars, wéi d’Hillary an de Bill Clinton, de President Joe Biden an d’Senateure Bernie Sanders an Elizabeth Warren bäigedroen, guer net ze schwätze vum Barack a Michelle Obama, deenen hire Seege fir d’Kamala Harris eleng méi wäert dierft sinn, ewéi Milliounen Dollar u Walkampf-Reklammen op der Televisioun.
RTL-Artikel: US-Walen - Tim Walz: “Et ass d’Éier vu mengem Liewen”