"Associéierte Member"Kanada kéint méi no un d’EU réckelen

AFP, iwwersat vun RTL
D'Land an Nordamerika soll méi no un d' Europäesch Unioun kommen, ouni selwer EU-Member ze ginn.
© JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN/AFP

Kanada kéint méi no un d'EU réckelen. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet proposéiert, Kanada zu engem sougenannten "associéierte Member" ze maachen. Eng Iddi déi et esou nach bis ewell nach net gouf.

Kanada soll méi no un d' Europäesch Unioun kommen, ouni awer selwer EU-Member ze ginn. D'Ursula von der Leyen huet an der Ried zur Lag vun der Unioun e Mëttwoch zu Stroossbuerg d'Dier opgemaach fir e Modell, wéi et e bis ewell nach net gëtt. Si huet vun enger "Alliance for the Future" geschwat. Kanada soll dobäi net just en Handelspartner sinn, mee en enken strateegesche Partner, ënner anerem a Saache Verdeedegung, Energie, kënschtlecher Intelligenz an Technologie.

De kanadesche Premier Mark Carney huet d' Propos en Donneschdeg am Europaparlament begréisst, huet awer och kloer betount, datt Kanada net interesséiert ass un enger EU-Memberschaft. Wéi dat neit Partenariat tëscht Kanada an der EU also ausgesäit, muss nach negociéiert ginn. Dëse Rapprochement kënnt net zoufälleg. Kanada wëll seng ekonomesch Relatiounen diversifiéieren. Traditionell ass d' Land staark mat den USA verbonnen. Gläichzäiteg sicht Europa no méi séchere Liwwerketten, notamment bei kritesche Rohstoffer an Energie.

Nach ass Villes, wéi gesot, onkloer. De Begrëff "Associate membership" gëtt et esou nach net an den EU-Verträg. Et misst also gekläert ginn, wéi eng Rechter an Obligatioune Kanada géif kréien. Beim EU-Kanada-Sommet Enn Oktober zu Montreal kéint sech dës nei Allianz konkretiséieren.

Back to Top
CIM LOGO