
Am Handelssträit mat den USA, wäert déi kanadesch Regierung haut zu Ottawa hir Géigemesuren als Reaktioun op déi nei US-Douanestaxen presentéieren.
De leschte Weekend waren d'Verhandlungen tëschent den USA a Kanada geplatzt. Doropshin hat d'US-Regierung nei Stroftaxen an Héicht vu 50 Prozent op enger ganzer Rei importéierte Produiten aus Kanada decidéiert.
De kanadesche Premier Mark Carney huet mat Géigentaxe gedreet, déi den 8. September sollen a Kraaft trieden.