Aubervilliers (F)Kand vun 2 Joer stierft no Gasexplosioun, 7 weider Persoune verwonnt

Claude Zeimetz
D'Ongléck ass an engem Pavillon vun der Gemeng geschitt.
Eng Explosioun no enger Gasfuite huet e Kand vun 2 Joer d'Liewe kascht.
© BEATA ZAWRZEL/NurPhoto via AFP

Zu Aubervilliers a Frankräich ass e Samschdeg e Kand vun zwee Joer an enger Explosioun wéinst enger Gasfuite gestuerwen a 7 weider Persounen goufe blesséiert. Zwou vun hinne waren an der Nuecht op e Samschdeg nach a Liewensgefor. D'Ongléck ass an engem Pavillon vun der Gemeng geschitt. D'Gemeng huet eng Turnhal zur Verfügung gestallt, fir de betraffene Familljen en Ënnerdaach ze ginn. De Buergermeeschter vun der Stad seet sech schockéiert iwwert dat wat geschitt ass.

Back to Top
CIM LOGO