
Eng psychiatresch Expertise, déi als Basis, fir esou eng Demande gemaach gouf, géif nämlech extrem negativ ausfalen.
An deem Rapport gëtt notamment festgehalen, datt et en héije Risiko fir eng Recidive géif ginn.
De Marc Dutroux hat viru 25 Joer 6 Meedercher an der Belsch entfouert, mëssbraucht a gefoltert. 4 vun hinne si gestuerwen.
Seng fréier Komplizin, d’Michelle Martin ass am Summer 2012, ënner Oploen aus dem Prisong entlooss ginn.