
No der Erhéijung vum Leetzëns am Juni waart d'Europäesch Zentralbank elo of, wéi et schéngt. Wéi d'EZB en Donneschdeg zu Frankfurt um Main bekannt ginn huet, bleift den Taux weider bei 2,25 Prozent. Et géif een dobäi den Impakt op d'Inflatioun duerch de Konflikt am Noen Osten genee am A behalen.
Et gëtt domat gerechent, dass de Leetzëns am September op 2,5 Prozent wäert gehéicht ginn.