Touristen erausgeschécktKolosseum zu Roum no déidlechem Aarbechtsaccident temporär zou

AFP, iwwersat vun RTL
Am Kolosseum ass an der Nuecht en Aarbechter beim Installéiere vun enger Luucht gefall an ëm d'Liewe komm.
Nach dem Tod eines Arbeiters im berühmten Kolosseum in Rom ist die bei Touristen beliebte antike Stätte vorübergehend geschlossen worden.
De Kolosseum zu Roum ass wéinst engem Aarbechtsaccident temporär zou.
© AFP/Archiv

Nom Doud vun engem Aarbechter am berüümte Kolosseum zu Roum gouf dee beléiften anticken Amphitheater temporär zougemaach. En 22 Joer ale Mann ass do an der Nuecht op e Mëttwoch bei engem Aarbechtsaccident gestuerwen. Italieenesch Medien mellen, datt de Mann beim Installéiere vun enger neie Beliichtung gefall wier.

Déi italieenesch Regierungscheffin Giogia Meloni huet sech "betraff an traureg" iwwer den Doud vum Mann gewisen.

De Kulturministère hat iwwerdeem e Mëttwoch d'Fermeture vum zweeten Niveau vum historesche Bauwierk bekannt ginn. Méi spéit huet et geheescht, datt de Kolosseum ganz fir Visiteure géing zougemaach ginn, soubal d'Touristen eraus wieren.

D'Police ermëttelt zum Virfall.

De Kolosseum zu Roum ass de gréissten anticken Amphitheater op der Welt. E gouf am éischte Joerhonnert no Christus gebaut an huet fréier ronn 50.000 Visiteure Plaz gebueden. Haut ginn all Dag bis zu 20.000 Touristen d'Bauwierk kucken.

Back to Top
CIM LOGO