KolumbienKonservative Presidentschaftskandidat Miguel Uribe bei Ried ugeschoss
RTL Lëtzebuerg
Zu Bogota a Kolumbien gouf de konservative Presidentschaftskandidat Miguel Uribe bei enger Ried ugeschoss. D’Regierung schwätzt vun engem Attentat.
Update: 08.06.2025 08:46
De Politiker gouf zweemol um Kapp an eemol um Knéi getraff, hie gëtt an der Urgence behandelt. Den Täter gouf festgeholl, der Police no ass et e Mannerjäregen.
D’Walen a Kolumbien sinn 2026, nach huet d’Campagne net offiziell ugefaangen.