Gespréicher iwwer GeheimdéngschtkontakterKreml confirméiert Rees vum CIA-Chef Ratcliffe op Moskau

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg war eng US-Militärmaschinn gesi ginn, déi no um Vnukovo Airport zu Moskau gelant wier.
Archivbild
Archivbild
© ANNA MONEYMAKER/Getty Images via AFP

De Kreml huet confirméiert, datt de CIA-Direkter John Ratcliffe fir "Kontakter tëscht de Geheimdéngschter" op Moskau gereest ass. Iwwert de Contenu vun de Gespréicher huet den Dimitri Peskow sech awer net geäussert.

En Dënschdeg nach hat de Kreml behaapt, et géif een näischt iwwert d'Landung vun engem amerikanesche Militärfliger an der russescher Haaptstad wëssen. Verschidde Kommentatoren a Russland hu sech doriwwer lëschteg gemaach, well Biller vum Fliger op de soziale Reseauen zirkuléiert sinn. D'Fro koum op, wéi esou reng riseg Maschinn mam CIA-Chef u Bord ouni d'Wësse vum Staatschef einfach esou konnt a Russland landen.

Et dierft déi éischt Visitt vun engem CIA-Chef zu Moskau zanter 2021 sinn. Do hat de fréieren CIA-Chef William Burns Russland besicht. Am Optrag vum US-President Joe Biden sollt hien eng Eskalatioun vum Ukrain-Konflikt verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO