Um Fluchhafen zu Leipzig war de 4. August owes eng Dron mat Sprengstoff entdeckt ginn. An der Géigend waren e puer ukrainesch Cargofligeren.
Däitschland huet schonn en Donneschdeg dat russescht Generalkonsulat zu Bonn an d’Kulturinstitut “Russescht Haus” zu Berlin zoumaache gelooss a russesch Diplomaten heemgeschéckt. Et wär eng néideg a passend Reaktioun gewiescht, sou de Wadephul.
De russesche President Wladimir Putin hat déi däitsch Reaktioun als “Feeler” bezeechent.