
Iwwer zwee Joer nom brutalen Iwwerfall op Israel sinn all d’Geisele vun der radikalislamescher Hamas zréck an hirer Heemecht. E Méindeg wier d’Läich vum Polizist Ran Gvili identifizéiert an an Israel bruecht ginn, deelt d’israeelesch Arméi mat. De Gvili war déi lescht Geisel an der Gazasträif. Den deemools 24 Joer ale Polizist war bei der Attack vun der Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 ëmbruecht ginn.
No zwee Joer Krich an der Gazasträif gëllt zanter Oktober 2025 eng fragil Wafferou. D’Iwwergab vun alle Geiselen, déi nach a Gaza waren, war Deel vun der éischter Phas vum Ofkommes, bei deem den US-President Trump vermëttelt hat. Déi 20 Geiselen, déi nach gelieft hunn, koume schonn am Oktober fräi, d’Iwwergab vun de stierflechen Iwwerreschter vun den 28 doudege Geiselen dogéint hat sech higezunn.
Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu huet de Retour vun alle liewegen a verstuerwene Geiselen, deen elo ofgeschloss ass, als “aussergewéinlech Leeschtung fir de Staat Israel” bezeechent. “Mir hu versprach - an ech hu versprach -, jiddereen zréckzehuelen. Mir hu si all zréckbruecht, bis op de leschte Gefaangenen”, huet den Netanjahu erkläert.
De Gvili huet zu enger Eliteunitéit vun der israeelescher Police gehéiert. Hie war de 7. Oktober 2023 wéinst enger geplangter Operatioun un der Schëller net am Déngscht, hat sech awer senger Unitéti ugeschloss, wéi hie vum Iwwerfall vun der Hamas héieren hat. Bei de Kämpf géint déi zueleméisseg iwwerleeën Ugräifer koum hien ëm d’Liewen. Seng Läich gouf an d’Gazasträif bruecht. Den Netanjahu hat de Gvili e Méindeg als “Held vun Israel” bezeechent. De Forum vun de Geisel-Familljen hat hien als “richtege Kolleeg, dee jidderee gären hat” gewierdegt.
D’Hamas huet erkläert, de Retour vun der leschter Geisel an Israel wier e Beweis dofir, datt d’Palästinenserorganisatioun sech fir “d’Anhale vun allen Ufuerderunge vum Wafferou-Ofkommes” bekenne géing.