
Op d'mannst 11 Persoune sinn ëm d'Liewe komm, wéi e Méindeg am Nordkaukasus eng grouss Lawin erofkomm ass. D'Rettungsekippe sinn am Asaz a sichen nach no Vermëssten. Dëst wier nëmme bedéngt méiglech, well d'Lawinegefor immens grouss wier.
Wéi et vu lokale Medien heescht, konnte 6 Persoune gerett ginn.