
D'Verwaltungsgeriicht vun Düsseldorf huet e Méindeg matgedeelt, dass Schüler wuel en Usproch op e gewaltfräien Unterrecht hätten, Léierpersonal sech awer géint akut Ugrëff verdeedegen a Matschüler an esou Fäll viru Gefore schützen dierften.
Dem Geriicht no hat en 9 Joer ale Schüler vu Monheim bei engem "massiven Impulskontrollverloscht" Matschüler vernannt a bedreet, Géigestänn gehäit a wëll ronderëm sech gerannt a geschloen. Ausserdeem hat hie seng Léierin ugegraff, beleidegt an op se gespaut. D'Fra hat de Jong doropshin un den Äerm gepaakt a festgehalen. Zesumme mat enger anerer Léierin hate si de Schüler eraus op de Gank komplimentéiert.
An enger éischter Demande hat de Schüler vum Land Nordrhein-Westfalen verlaangt, hie misst viru senger Léierin geschützt ginn. Dësen "Eilantrag" war awer vum Geriicht refuséiert ginn. Et gouf decidéiert, dass d'Léierkraaft d'Recht hat, de Jong un den Äerm festzehalen a sech esou géint déi massiv Gewalttätegkeete vum Schüler ze verdeedegen. Donieft wier si verflicht gewiescht, Gefore vun den anere Kanner ofzewieren.
Léierpersonal misst awer d'Verhältnisméissegkeet am A behalen a vun enger Rei méigleche Verdeedegungsaktiounen déi mëllsten ergräifen, sou d'Verwaltungsgeriicht Düsseldorf a senger Decisioun. Och aner Facteure wéi Alter oder d'Fäegkeet fir Asiicht wiere Krittären, déi ee misst berécksiichtegen.
Géint déi Entscheedung kann awer protestéiert ginn.