Brand zu Crans-MontanaLeit si schockéiert, datt Bar-Besëtzer aus Untersuchungshaft entlooss gouf

AFP, iwwersat vun RTL
No knapp zwou Wochen an Untersuchungshaft koum de Besëtzer vun der Bar "Le Constellation" e Freideg ënner Oplage fräi.
© AFP

Schockéiert an ouni Versteesdemech hunn d’Familljememberen a Frënn vun den Affer vun der Brandkatastroph am Schwäizer Duerf Crans-Montan op d’Fräiloossung vum Bar-Besëtzer aus der Untersuchungshaft reagéiert. D’Affekote vun den Affer hu vun engem “Skandal” an enger “schockéierender Decisioun” geschwat. Kuerz virdrun dëse Freideg hat d’Geriicht am Kanton Wallis d’Untersuchungshaft vum 49 Joer ale Patron vun der Bar Jacques Moretti géint d’Bezuele vun 200.000 Schwäizer Frang, ronn 215.000 Euro, opgehuewen.

D’Decisioun, de Moretti aus der Untersuchungshaft z’entloossen, wier “e Skandal an eng Schan fir d’Affer an hir Familljen”, sot de Jean-Luc Addor, Affekot vun der Famill vun engem Jugendlechen, déi an der Bar ëm d’Liewe komm war. De Christophe de Galembert, deen e Papp vertrëtt, huet d’Decisioun als “onerwaart a schockéierend” beschriwwen.

De Romain Jordan, e weideren Affekot, dee méi Leit vertrëtt, sot géintiwwer der AFP, seng Clientë wiere schockéiert doriwwer, “datt eng wieder Kéier keng Récksiicht op d’Gefor vun der Ofsprooch an dem Verschwanne vu Beweismëttel geholl gi wier”. Den italieeneschen Ausseminister Antonio Tajani huet vun engem “richtegen Affront” géintiwwer de Famillje vun den Affer geschwat. Ënnert den Doudege ware sechs jonk Mënschen aus Italien.

Dem Geriicht no krut de Moretti “Ersatzmesurën”, un déi hie sech hale misst. Esou wéilt een de Risiko vun enger Flucht verréngeren. Esou muss hie sech all Dag op engem Policebüro mellen an hien dierf d’Schwäiz net verloossen. Verschidden Dokumenter, déi seng Identitéit beleeën, muss hie beim Parquet ofginn.

Beim Feier an der Bar “Le Constellation” waren an der Nuecht op Silvester 40 Leit ëm d’Liewe komm, d’Hallschent dovu war Mannerjäreg. 116 weider Persoune goufe blesséiert, vill vun hinne schwéier. Géit d’Koppel, déi d’Bar bedriwwen huet, gëtt wéinst dem Verdacht vu “ongewolltem Doudschlag” an “ongewollter Kierperverletzung” ermëttelt.

Iwwer dräi Wochen no der Brandkatastroph ginn de Schwäizer Autoritéiten an de Spideeler no nach ëmmer 70 Blesséierter a Spideeler an der Schwäiz an am Ausland behandelt. Verschiddener vun de Schwéierblesséierte leien nach ëmmer op der Intensivstatioun a kämpfen ëm hiert d’Liewen.

D’Ermëttler ginn dovunner aus, datt d’Katastroph duerch Späizmännercher, déi u Fläsche fixéiert waren, ausgeléist goufen. Dës waren ze no un de Plaffong, dee mat Schaumstoff isoléiert war, gehale ginn. De Moretti hat bei der Police uginn, datt hien de Schaumstoff selwer an engem Baumaart kaf an um Plaffong fixéiert hat, fir esou de Raum besser ze isoléieren.

De Moretti souz zanter dem 9. Januar an Untersuchungshaft, wärend seng Fra ënner Oplagen op fräiem Fouss konnt bleiwen. D’Kautioun gouf dem Geriicht no vun engem Frënd vum 49 Joer ale Bar-Besëtzer bezuelt.

Back to Top
CIM LOGO