Kapverdianesch Regierungsvertrieder zu LëtzebuergLëtzebuerg confirméiert Finanzhëllef vun 10 Milliounen Euro

Céline Eischen
Den neien Ausseminister an den neien Ëmweltminister aus dem Cap Vert sinn dëser Deeg op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.
D'Regierungsvertrieder aus dem Cap Vert op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.
D'Regierungsvertrieder aus dem Cap Vert op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.
© Céline Eischen

Zanter dem Juni vun dësem Joer huet de Cap Vert eng nei Regierung: Hiren neien Ausseminister an den neien Ëmweltminister sinn dëser Deeg op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. Net just fir d'Lëtzebuerger Homologen kennen ze léieren, ma och fir, ewéi all Joers, de Bilan iwwer déi bilateral Relatiounen ze zéien.

Kooperatioun mam Cap Vert - Reportage Céline Eischen

Zanter den 80er Jore ginn et Kooperatiouns-Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an dem Cap Vert. Dat ass eng laang Zäit an dat huet een en Dënschdeg op der Pressekonferenz och gemierkt. Perséinlech hate sech d'Ministere virdrun nach net gesinn, ma et war een Treffen ënner Frënn. D'Lëtzebuerger Kooperatioun hätt sech an de leschte Joren ëmmer nees weider entwéckelt. Ënnert anerem hätt d'Lëtzebuerger Ënnerstëtzung vun enger Hotelsschoul dem kapverdianeschen Tourismus zolidd ënnert d'Äerm gegraff, esou den Ausseminister Manuel Augusto Lima Amante da Rosa:

"Et war eng strategesch Visioun mat Lëtzebuerg, fir dës Hotelsschoul opzebauen. Deemools hätt ee sech net kéinte virstellen, datt de Cap Vert haut méi wéi 1,2 Milliounen Touristen all Joers kéint empfänken. Wéinst dëser Schoul ass dofir déi néideg Main d’oeuvre do."

Dat wier och déi Aart vu Kooperatiounspolitik, déi ee wéilt maachen, esou de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel:

"C'est bien de donner du poisson, il vaut mieux savoir pêcher. Pour nous c'est important de renforcer les capacités nationales et de valoriser le capital humain. Le but à jour c'est de dire: 'Merci, mais on s'en sort'.  C'est ça pour moi la coopération. La coopération n'est pas de maintenir quelqu'un dans une situation de coopération nécessaire, mais de sortir d'une situation où on a besoin de l'autre."

Kooperatioun op Aenhéicht, ma och géigesäiteg Ënnerstëtzung op multilateralem Plang. Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet nämlech ënnerstrach, datt een a Saache Klimaschutz an Energie op dem internationale Plateau op de Cap Vert als Partner ziele kéint.

Ma och a Sécherheetsfroe gëtt zesumme geschafft, esou zum Beispill och am Projet COSMAR, de kapverdianeschen Zenter fir maritim Sécherheets-Operatiounen.

Am Februar dëst Joer gouf iwwregens dee sechste Programme Indicatif de Cooperation tëscht den zwee Länner ënnerschriwwen. Am Kader vun dësem Programm kritt de Cap Vert an de nächste 5 Joer eng Finanzhëllef vun 10 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO