Mat europäeschem Mandat d'arrêt gesichtLëtzebuerger Police iwwerstellt 57 Joer ale Mann un Tréier Kolleegen

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem europäeschen, louchen och eng Rei national Mandat d'arrête géint de Mann vir.

En Dënschdegmoien huet d'Lëtzebuerger Police um Grenziwwergang op der Bréck zu Waasserbëlleg e 57 Joer alen däitsche Staatsbierger un d'Bundespolizei vun Tréier iwwerginn.

De Mann gouf mat engem europäesche Mandat d'arrêt, dee vum Landesgeriicht vu Freiburg ausgestallt gouf, a mat engem Mandat d'arrêt fir eng Untersuchungshaft vum Amtsgeriicht Oberhausen gesicht. Donieft louchen zwee weider nationale Mandat d'arrête géint hie vir, well hie wéinst Erschläiche vu Leeschtunge schonn zu enger Fräiheetsstrof vun 38 Deeg verurteelt gouf. Ausserdeem lafen den Ament dräi Enquête wéinst Bedruch a Fälschung géint hien.

De Mann koum als éischt virun den Untersuchungsriichter an duerno an de Prisong.

Back to Top
CIM LOGO