Ugespaante Situatioun no brutaler Gewalt um WeekendLëtzebuerger Politik wënscht sech demokrateschen Iran

Pierre Jans
Deeglaang Masseprotester géint den iranesche Regime. Vill Doudeger, nach méi Prisonéier: eng 2.600 Manifestante wäre festgeholl ginn, soen ONG'en.
Weltwäit gëtt sech mat den Demonstranten am Iran solidariséiert
© PHIL NIJHUIS/ANP via AFP

Den Internet soll geschwënn nees goen am Iran. Dat huet den Ausseminister Abbas Araghtschi annoncéiert. Fir d’Mënscherechtsorganisatiounen dierft et awer just e klengen Trouscht sinn, well si ginn dovun aus, dass Honnerten, wann net iwwer 1.000 Demonstrante vun den iranesche Forces de l’ordre ëmbruecht goufen. Rieds geet vun engem Massaker.

Lëtzebuerger Politik iwwer Situatioun am Iran / Reportage: Pierre Jans

Deeglaang Masseprotester géint den iranesche Regime. Vill Doudeger, nach méi Prisonéier: eng 2.600 Manifestante wäre festgeholl ginn, soen ONG’en. An Tëschenzäit si Videoen opgedaucht, op deenen een Dosende Läiche virun enger Hal südlech vun Teheran gesi géing. Ënnert anerem d’Mënscherechtsorganisatioun Hengaw aus Norwegen wëll d’Opname verifizéiert hunn. Fir si ass et e Beweis fir e schwéiert Verbriechen.

D’Situatioun am Iran ass ugespaant. Déi Kéier si vill Leit, déi op der Strooss manifestéieren, net Aktivisten, mä Geschäftsleit. Experten no eigentlech de konservativen an islamesche Kär vun der iranescher Societéit. Si gi wéinst der Präisdeierecht géint de Regime vir. Si reprochéieren der Regierung, ekonomesch ze versoen. Dem iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi no ass d’Land awer “ganz ënner Kontroll”. Dat huet de kataresche Sender Al-Jazeera gemellt. Fir d’Gewalt de Weekend iwwer huet hien den US-President Trump responsabel gemaach. Seng Menacë vun enger militärescher Interventioun am Iran hätt “Terroristen” dozou motivéiert, Demonstranten a Sécherheetsbeamten z’attackéieren, fir eben eng auslännesch Interventioun ze provozéieren.

Wat sinn d’politesch Reaktiounen op d’Gewalt am Iran?

Dem US-President Trump no ass den Iran bereet fir Negociatiounen. Washington an Teheran wären a Kontakt fir e Rendez-vous. Dat sot hie Reporter a senger Air Force One nodeems hie vun drasteschen Optioune geschwat hat, déi géife gepréift ginn. Spréch, eng militäresch Interventioun.

Vun esou enger hält de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden net vill.

“Mir mengen net, datt militäresch Interventiounen hëllefräich sinn, dat gëllt am Iran wéi op anere Plazen, mee et muss ee selbstverständlech déi ënnerstëtzen, déi eng Demokratie am Iran wëllen hi bréngen. An ech mengen do soll Europa mat senge Partner an der Welt och doriwwer schwätzen. Europa ass de Garant an de Stellvertrieder fir d’Wäerter.”

D’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas schléisst nei Sanktioune géint den Iran net aus.

D’Lëtzebuerger Deputéiert léisst d‘Situatioun am Iran net kal. Vun LSAP bis ADR, d’Politiker stinn op der Säit vun de Manifestanten. Ugefaange mat der LSAP-Deputéierter Liz Braz.

“Et ass natierlech dramatesch, wat de Weekend am Iran geschitt ass. Virun allem well ee weess, mat wéi enger Brutalitéit de Regime, géint Demonstrante virgeet. Op der anerer Säit ass et awer en Zeechen, dass d’Bevëlkerung sech wiert géint d’Regierung, déi Mënscherechter mat Féiss trëppelt.”

Den neien CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet schléisst sech un: “Mir hoffen, dass de Regime endlech verstanen huet, dass seng Zäit ofgelaf ass. E soll de Wee fräi maache fir en demokrateschen Iran. Et soll net nach mussen zu weideren Doudesaffer kommen.”

De Fraktiounschef vun de Liberalen, de Gilles Baum, ass optimistesch: “Ech mengen, dass deen heiten Opstand mat de Leit déi sech net wëlle ginn, richteg geféierlech ka gi fir e Regime, deen d’Leit awer zanter quasi 50 Joer ënnerdréckt.”

An de Fraktiounspresident vun der ADR Fred Keup ergänzt: “Nëmmen d‘Iraner sollen decidéieren, wat si an hirem Land wëllen hunn. Mä den islamistesche Regime elo, soll hoffentlech op en Enn kommen.”

Wéi et am Iran weidergeet, bleift awer ongewëss. Den aktuelle Regime gräift op brutal Methoden zeréck fir d’Protester ze limitéieren. Fir en ze stierzen, brauch et Experten no auslännesch Interventiounen. Da ginn et Stëmmen, déi e Schah, e Kinnek, zeréck wëllen. De Reza Pahlavi, de Bouf vum leschte Schah Mohammed Reza Pahlavi, huet sech de Manifestante vu sengem Wunnsëtz an den USA aus jo ralliéiert.

Back to Top
CIM LOGO