Op Kiermes a Rheinland-PfalzLiewensgeféierlech Blesséierten duerch metalle Gestell, dat erofgefall ass

Tom Nols
Monica Camposeo
Duerch de staarke Wand ass eng metalle Konstruktioun op d'Visiteure gefall. Eng Persoun ass liewensgeféierlech, eng weider schwéier blesséiert ginn.
Symbolbild vun enger Kiermes an Däitschland.
Symbolbild vun enger Kiermes an Däitschland.
© CHRISTOPH REICHWEIN/dpa Picture-Alliance via AFP

Op engem Volleksfest a Rheinland-Pfalz ass e Freideg am Nomëtteg wéinst dem uerge Stuerm eng Traverse aus Metall erofgefall. Dobäi ass e Mann liewesgeféierlech blesséiert ginn, en anere schwéier. Un der Konstruktioun wier e Reklammeplakat festgemaach gewiescht.

De Virfall ass an der Stad Nastätten geschitt, tëscht Koblenz a Frankfurt, wou de Moment Oktobermarkt ass. Nom Accident war d'Kiermes zougemaach ginn, soll awer iwwert de Weekend weidergoen. D'Police ermëttelt a sicht no Spueren an Zeien. Fir eventuell traumatiséiert Leit soll psychologesch Hëllef ugebuede ginn.

Wandspëtzte vu 60 bis 75 Kilometer an der Stonn sinn e Freideg a Rheinland-Pfalz gemooss ginn. Nastätten läit am Taunus, no der Grenz zu Hessen.

Back to Top
CIM LOGO