Nord-Ost-EuropaLoftalarm a Litauen a Lettland - Dronenattacken op St. Petersburg

RTL Lëtzebuerg
Am Nordoste vun Europa gouf et direkt méi Meldunge wéinst Fluchkierper um Himmel.
Och amerikanesch Kampfjette gehéieren zu der Flott vun der NATO.
© AFP/Archiv

A Litauen goufen d'Bierger aus dem Zentrum an Norde vum Land opgeruff, wéinst onbekannte Fluchkierper fir eng Stonn a Schutzraim ze goen. Wärend der Alerte goufen och NATO-Kampfjetten iwwer dat Gebitt geschéckt an de Fluchhafen zu Kaunas war zou. Den nërdlechen Noper Lettland hat eng änlech Warnung erausginn. Der Arméi no gouf déi awer méi spéit erëm opgehuewen.

Russland mellt iwwerdeems schwéier Dronenattacken op St. Petersburg. 126 Drone wären den Autoritéiten no erofgeschoss ginn, wouduerch Stécker dunn op Wunnhaiser, Autoen a Stroumleitungen gefall wieren. Dëst hätt deels zu lokale Stroumpanne gefouert.

Déi ukrainesch Attack hätt och e Feier am Pëtrolslager vu St. Petersburg ausgeléist, esou den zoustännege Gouverneur. Iwwerdeems wär eng Persoun ëm d'Liewe komm an et hätt 5 Blesséierter ginn.

Back to Top
CIM LOGO