1,025 Milliarden Euro fir 44,9 ProzentLufthansa gewënnt Ausschreiwung fir Undeel un TAP Air Portugal

AFP, iwwersat vun RTL
Den Ofschloss vum Deal brauch nach d'Zoustëmmung vun der EU-Kommissioun a gëtt warscheinlech net virun 2028 finaliséiert.
(COMBO) This combination of pictures created on October 14, 2026 shows the logo of German airline Lufthansa in Frankfurt am Main, western Germany, on March 6, 2026, and the logo of TAP Air Portugal airline at the Humberto Delgado Airport in Lisbon on April 2, 2026.
D'Logoe vun der Lufthansa a vun der TAP.
© AFP

Déi däitsch Fluchgesellschaft Lufthansa huet sech duerchgesat an däerf bal d'Hallschent vun der portugisescher Fluchgesellschaft TAP Air Portugal iwwerhuelen. Dat huet de portugisesche Premierminister Luís Montenegro e Mëttwoch matgedeelt. Lufthansa huet 1,025 Milliarden Euro fir 44,9 Prozent vun TAP ugebueden a konnt sech domat géint Air France-KLM duerchsetzen.

Déi portugisesch Regierung behält 50,1 Prozent vun den Aktie vun TAP, wärend d'Mataarbechter virleefeg 5 Prozent halen.

Portugal wëllt sécherstellen, datt Lissabon e wichtegen Hub fir Flich op Brasilien an Afrika bleift an datt de Sëtz vun der Gesellschaft a Portugal bleift.

TAP war 2020 wärend der Corona-Kris nees verstaatlecht ginn. D'EU hat 2021 eng Staatshëllef vun 3,2 Milliarden Euro guttgeheescht.

Am zweete Véierel 2026 huet TAP e Verloscht vun 59,3 Milliounen Euro gemaach, nodeems si am selwechte Véierel vum Joer virdrun nach 38,3 Milliounen Euro Gewënn hat.

TAP hat am Summerquartal nawell e Rekord vun 8,2 Millioune Passagéier erreecht.

D'Fluchgesellschaft bedéngt d'Linn tëscht Lëtzebuerg a Lissabon mat ronn 8 direkte Flich pro Woch no aktuelle Pläng.

Wéi an ob d'Stréck dovunner betraff ass, léisst sech nach net soen. Portugal betount awer, datt Lissabon e strategeschen Hub soll bleiwen. Dat kéint souguer positiv fir d'Verbindungen a Richtung Portugal sinn.

Back to Top
CIM LOGO