Presidentschaftswalen a BrasilienLula a Bolsonaro liwwere sech e verbalen Duell viru lafende Kameraen

Céline Eischen
RTL mat AFP
Rezent Ëmfroe weisen, datt déi zwee Kandidaten no beienee leien. D'Decisioun fält e Sonndeg, de 25. Oktober.
The two men sparred over the economy, public security, healthcare, corruption, and Brazil's ties to the United States
De Flávio Bolsonaro ass de Fils vum fréiere President Jair Bolsonaro a läit mat 47 Prozent op der 1. Plaz.
© AFP

An enger Woch ass a Brasilien den zweeten Tour vun de Presidentschaftswalen: Den aktuelle President Lula steet sengem Erausfuerderer Flávio Bolsonaro géintiwwer, dem Fils vum fréiere President Jair Bolsonaro.

Bei engem Tëlee-Duell e Sonndegowend zu São Paulo kruten déi zwee Politiker sech nawell zolidd an d'Hoer. Béid Kandidaten hu sech mat Beleidegungen a schwéiere Virwërf géigesäiteg attackéiert. De Lula huet säi Géigner ënner anerem als "Milizionär" bezeechent an him Verbindungen zu kriminelle Bande virgeworf. De Flávio Bolsonaro huet sengersäits op fréier Korruptiounsvirwërf géint de Lula higewisen an dobäi demonstrativ d'Wuert "korrupt", dat op senger Handfläch geschriwwe war, gewisen.

Lula, who at almost 81 is seeking a fourth term in power, battled to control his irritation at times and repeatedly asked viewers to 'look it up on Google' to prove his adversary was lying
De Lula, dee mat senge bal 81 Joer eng véiert Amtszäit ustrieft, hat zäitweis Méi, seng Irritatioun ënner Kontroll ze halen, an huet de Public ëmmer nees opgefuerdert, "op Google nozekucken", fir sech dovun z'iwwerzeegen, datt säi Géigner géif léien.
© AFP

Och d'Famillje vun deenen zwee Politiker goufen an d'Duell mat eragezunn. De Bolsonaro huet dem Lula seng Fra ënner anerem virgeworf, ze vill ëffentlech Gelder auszeginn. De Lula huet doropshi säi Géigner als Ligener a Gauner bezeechent. Konkret politesch Proposë sinn dobäi gréisstendeels an den Hannergrond geroden.

Et gëtt eng spannend Course erwaart: Am éischten Tour louch de 45 Joer ale Flávio Bolsonaro mat 47 Prozent vun de Stëmmen op der éischter Plaz. Den 80 Joer ale Lula koum op 45 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO