
Hien hält eng Droneattack wéi dee géint den däitsche Fluchhafe Leipzig och a Frankräich fir méiglech. Gläichzäiteg huet hien dementéiert, datt et eng CIA-Warnung viru konkrete russeschen Attacken a Frankräich, Spuenien an Italien géif ginn.
Bei de Spritpräisser sot de Macron, Frankräich géif alles maachen, fir Enkpäss ze verhënneren. Eng Baisse vun den Taxe schléisst hien net aus, falls d'Präisser staark klammen. Frankräich wëll iwwerdeems militäresch Mëttel a Saudi-Arabien schécken, fir wichteg Energieinfrastrukturen ze schützen.
Eng nei Opléisung vun der Assemblée nationale virun de Presidentschaftswalen huet de Macron ausgeschloss. Dat wier "net gutt fir d'Land", sot hien.