
270.000 walberechtegt Islännerinnen an Islänner waren opgeruff, hir Stëmm ofzeginn. Éischt Tëscheresultater leie vir an do gesäit et islännesche Medien no duerno aus, wéi wann eng Majoritéit dogéint wier, d'Gespréicher mat der EU fir ee Bäitrëtt nees weiderzeféieren. An der Haaptstad Reykjavik war iwwerdeems mat däitlech méi Jo-Stëmme gerechent ginn, wéi dat de Fall ass.
Island war 2009 schonn eng Kéier EU-Bäitrëttskandidat. Den Inselstaat hat seng Kandidatur e puer Joer drop awer nees zeréckgezunn.