
Eng grouss Majoritéit vun den däitsche Biergerinnen a Bierger maache sech Suergen ëm d'Zukunft vun der Demokratie. Dat geet aus enger neier Forsa-Ëmfro ervir, déi RTL an ntv an Optrag ginn hunn. Deemno maache sech 79 Prozent vun de Befroten aktuell grouss oder ganz grouss Suergen ëm d'Zukunft vun der Demokratie an Däitschland. Nëmmen 19 Prozent géife sech manner grouss oder guer keng Suerge maachen.
Besonnesch ausgepräägt sinn d'Bedenke bei Fraen a bei jonken Erwuessenen. 85 Prozent vun de Frae maache sech der Ëmfro no grouss oder ganz grouss Suergen, wärend et bei de Männer 73 Prozent sinn. Bei Leit tëscht 18 an 29 Joer läit den Undeel bei 85 Prozent, bei deenen tëscht 30 a 44 Joer bei 73 Prozent.
D'Suerg ëm d'Zukunft vun der Demokratie ass och ënnert den Unhänger vun alle befrote Parteie verbreet. Bei der Linke sinn et 97 Prozent, bei der SPD 84 Prozent, bei de Grünen sinn et 82 Prozent a bei de Supporter vun CDU an CSU kënnt een op 78 Prozent. Bei den Unhänger vun der AfD maache ech iwwerdeem 70 Prozent grouss oder ganz grouss Suergen.
Enger weider Forsa-Ëmfro no steet eng grouss Majoritéit hannert dem demokratesche System, ass awer mat der Ëmsetzung dovun net zefridden. 68 Prozent wiere ganz oder éischter zefridde mam demokratesche System, deen an der däitscher Verfassung verankert ass. 32 Prozent sinn dogéint onzefridden domat. Op d'Fro, wéi Demokratie an Däitschland dann tatsächlech funktionéiert, hu sech 41 Prozent als zefridde gewisen, 59 Prozent dogéint onzefridden.
Besonnesch grouss ass déi Onzefriddenheet mat der praktizéierter Demokratie am Oste vum Land. Do sinn et 71 Prozent, wärend et der am Weste 57 Prozent sinn. Ënnert de Befroten tëscht 18 an 29 Joer hale sech Zefriddenheet an Onzefriddenheet mat 49 zu 50 Prozent d'Wo.
Bei den Unhänger vun de verschiddene Parteie gëtt et grouss Ënnerscheeder. Bei SPD, Grüne, CDU an CSU a Linke sinn déi meescht mat der Demokratie zefridden. Bei de Supporter vun der AfD sinn et dogéint just 41 Prozent. A wéi déi Demokratie tatsächlech funktionéiert, mëssfält souguer 89 Prozent vun den AfD-Sympathisanten.