
Et handelt sech ëm de Geschäftsmann Yorgen Fenech, deen 2021 ugeklot gouf, well hien dem Parquet no de Mord ordonéiert a finanzéiert hätt. De Parquet hat dem Geschäftsmann virgeworf, de Mord un der Journalistin an Optrag gi gehat ze hunn, well si kuerz virdru stoung, ee kompromettéierenden Artikel iwwert säi Monni ze verëffentlechen. De Fenech huet d'Virwërf zeréckgewisen. Hie war 2019 u Bord vu senger Yacht festgeholl ginn, wou hie probéiert huet, aus Malta ze flüchten.
Honnerte Leit hunn en Donneschdeg op Malta géint de Fräisproch vum Yorgen Fenech demonstréiert. Déi oppositionell Nationalist Party, déi spéit e Mëttwoch zu der Demo opgeruff hat, huet eng Spezialsëtzung vum Parlament zu deem Fall gefuerdert. Just e puer Stonne virdrun hat de Fenech de Geriichtssall mat Riff vu "Mäerder" vun Demonstrante verlooss.
Dräi Männer goufe virdru scho fir de Mord verurteelt, an zwee, well se d’Bomm geliwwert hätten. Si sëtze mat laange Prisongsstrofen hanner Gitteren.
Déi 53 Joer al Journalistin Daphne Caruana Galizia war am Oktober 2017 an engem Bommenuschlag ëmbruecht ginn, wärend si mam Auto ënnerwee war. Si hat vill iwwert Korruptioun a politeschen a private Kreesser geschriwwen. De Mord huet zu grousse Protester an engem Regierungswiessel op Malta gefouert. Dem deemolege Regierungschef Joseph Muscat gouf virgeworf, Frënn a Verbündeter schützen ze wëllen. De Fall hat deemools och déi ganz europäesch Unioun gerëselt.
