
Et géing "genuch Unhaltspunkten", datt den Educatiounsminister Habidullah Agha an den Héichschoulminister Mohammad Nadim fir Verbrieche géint d'Mënschlechkeet mat geschlechtsspezifescher Ausriichtung responsabel wieren. Dat mellt d'Strofgeriicht e Méindeg. Dës géinge sech géint "Meedercher, Fraen an aner Leit riichten, déi sech net der Politik vun den Taliban a Bezuch op Geschlechteridentitéit ënnerwerfen".
D'Mandat d'arrête goufen deemno schonn den 9. September 2025 verhaangen, goufen awer bis ewell geheim gehalen. Wéinst der Diskriminéierung vu Frae gëtt et doriwwer eraus Mandat d'arrête géint den Taliban-Leader Haibatullah Achundsada an de Vize-Chef vum Ieweschte Geriicht Abdul Hakim Hakkani.
Den Agha an den Nadim sinn enk Vertrauter vum Achundsada a spillen eng grouss Roll dobäi, d'Educatiounsverbuet fir Meedercher bäizehalen. Am Afghanistan dierfe Meedercher net op weiderbildend Schoulen oder Héichschoule goen.
Donieft fuerdert den UN-Mënscherechtsrot d'Taliban-Regierung dozou op, all Praktiken ze stoppen, déi d'Grondfräiheete vu Meedercher a Fraen aschränken. Eng entspriechend Resolutioun gouf e Méindeg eestëmmeg vun alle 47 Membere vum Mënscherechtsrot gestëmmt. Se war vu 37 europäesche Länner souwéi Kanada an Chile abruecht ginn.
An der Resolutioun heescht et zu der Begrënnung, am Land wier e "System aus Diskriminéierung, Segregatioun a Mëssuechtung vun der Mënschewürd institutionaliséiert" ginn. D'Mëssstänn wieren "net ze droen an net gerechtfäerdegt" a missten "d'Gewësse vun der Mënschheet schockéieren".