Schëss op Auto, wou Kand dra souzMann bei ICE-Asaz zu New York blesséiert

AFP, iwwersat vun RTL
Zu New York ass bei engem Asaz vun der ëmstriddener Awanderungsautoritéit ICE e Mann duerch Schëss blesséiert ginn.
In New York ist nach Angaben der Polizei ein Mann bei einer Auseinandersetzung mit Einsatzkräften der Bundesbehörden angeschossen worden. Medienberichten zufolge führte die Einwanderungsbehörde ICE zum Zeitpunkt des Vorfalls einen Einsatz aus.
No engem ICE-Asaz, bei deem Schosswaffen agesat goufen, hunn zu New York sëllege Leit protestéiert.
© AFP

Wéi et vun den Autoritéiten heescht, haten ICE-Beamten en Donneschdeg am Nomëtteg am Quartier Bronx op den Auto vum Mann geschoss, an deem och säi fënnef Joer aalt Kand souz. Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet gefuerdert, datt ICE d'Stad verléisst.

Vun der New Yorker Police huet et geheescht, et wier zu engem "Schosswaffevirfall ënner Bedeelegung" vu Mataarbechter vun der Awanderungsautoritéit komm. Dem US-Ministère fir Heemechtschutz no wollten d'ICE-Mataarbechter de Mann aus der Dominikanescher Republik festhuelen, dee keng gülteg Pabeiere soll gehat hunn an ënnert anerem wéinst schwéierer Kierperverletzung, Déifstall, Drogen- a Waffebesëtz virbestrooft war. "ICE-Beamten hunn direkt Hëllef geleescht. D'Persoun lieft a befënnt sech an engem lokale Spidol", esou e Ministèresspriecher. Wéi dacks op de Mann geschoss gouf a firwat, ass bis ewell net bekannt.

De Zohran Mamdani huet den Asaz verurteelt: "Éischten Informatiounen no hunn d'Beamten hien ëmkreest, wéi hie mat sengem fënnef Joer ale Kand am Auto war an hunn duerno e puer mol op hie geschoss". D'Kand wier net blesséiert ginn. D'Gesiichter vun den ICE-Beamte sollen iwwerdeems couvréiert gewiescht sinn. Et hätt keng "raisonnabel" Hiweiser drop ginn "datt et sech ëm Policebeamte gehandelt huet", sou de Mamdani, dee weider gesot huet, hie géif den US-President Donald Trump opfuerderen, alleguerten d'ICE-Beamten aus New York ofzezéien. Hie géing net einfach sou dobäi nokucken, wéi "ICE-Beamten eis Gemengen terroriséieren".

Sëllege Leit hate sech owes versammelt, fir géint den Asaz a géint ICE ze protestéieren.

Back to Top
CIM LOGO