
Zu Erie am US-Bundesstaat Pennsylvania huet e Mann aacht Mënschen erschoss, dorënner zwee Kanner. Direkt duerno huet de Mann sech wuel selwer d'Liewe geholl. Wat genee geschitt ass, ass net ganz kloer.
Den éischten Informatiounen no wier d'Police géint 17 Auer e Samschdegowend lokaler Zäit alarméiert ginn. Zeien hu gesot, dass si gesinn hätten, wéi e Mann virun engem Haus geschoss hätt an duerno an d'Haus eragaange wier. Wei d'Police op d'Plaz koum, loungen zwou Fraen am Alter vu 37 an 51 Joer op der Strooss. De Mann hat sech am Haus verschanzt a wéi d'Police dunn eragaangen ass, hunn si do weider Doudeger entdeckt, dorënner déi zwee Kanner an den Täter selwer.
Déi aner Doudesaffer wieren der Police no tëscht 19 an 51 Joer al gewiescht. Ob si och am Haus fonnt goufen, ass net gewosst. Ënnert hinne soll eng Fra sinn, déi am aachte Mount schwanger war.