Rédange (F), direkt iwwert der GrenzMann festgeholl, dee Feier an der Natur soll geluecht hunn

RTL Lëtzebuerg
Am franséische Rédange, direkt beim Belval hannert der Grenz, ass e Mëttwoch den Owend e Mann festgeholl ginn.
© QUENTIN DE GROEVE/Hans Lucas via AFP

De Mann gouf dobäi erwëscht, wéi hien e Feier geluecht huet, schreift de "Républicain Lorrain". De Mann vun Audin-le-Tiche war der Police scho bekannt an huet op d‘mannst eent vun dräi Feier an der Natur geluecht, déi e Mëttwoch den Owend zimmlech gläichzäiteg lassgaange sinn. Um Enn ass hie mat enger Strof vun 275 Euro erëm Heem geschéckt ginn.

Déi sëllege Feier an de leschte Woche maachen de Leit an der Gemeng nawell suergen. De Buergermeeschter vu Rédange, Mathias Miranda, weist sech am Interview mam Républicain Lorrain schockéiert iwwert esou kriminellt Verhalen.

Pompjeeë feelt et u Personal a Material

Allgemeng schloen d‘Pompjeeën a Frankräich den Ament Alarm. Zanter Jore fuerdere si scho massiv Rekrutementer an Investitiounen an dat néidegt Material, ma bis ewell ouni Succès. Déi rezent Bëschbränn an der Gironde hätten op en Neits gewisen, wéi grouss de Personal- a Materialmanktem wier, esou d‘Spriecher vu verschiddene Gewerkschaften en Donneschdeg de Mëtteg virun der Press.

Et hätt un allem gefeelt an der Gironde, virun allem u Viraussiicht. Derbäi kéim, datt Asazzenter och den normale Service net méi anstänneg kéinten assuréieren, well d‘Leit iwwerlaascht sinn an et un deem néidege Material feelt. Fir Enn September huet d‘Intersyndicale zu engem grousse Protest zu Paräis opgeruff.

Back to Top
CIM LOGO