
Zu Trappes an zu La Verrière am Département Yvelines, südwestlech vu Paräis, huet e Freideg de Moie géint 10:30 Auer en 39 Joer ale Mann aus sengem Auto eraus op Passante geschoss an dobäi eng Persoun déidlech blesséiert. Véier weider Leit wieren zum Deel schwéier blesséiert ginn, dorënner e Kand vun 12 Joer, sou d'Autoritéiten. Den Ugräifer wier séier duerno zu Coignières festgeholl ginn.
De Premier Sébastien Lecornu huet iwwer X matgedeelt, dass de Parquet national antiterroriste (Pnat) d'Situatioun observéiere géing. De Buergermeeschter vun Trappes huet verlaude gelooss, e Mann hätt aus sengem Auto eraus op Leit geschoss, déi säi Wee gekräizt hunn. An den nächste Stonne géing eng Cellule fir psychologesch Hëllef ageriicht ginn.