Soll vu Frankräich an d'Belsch gereest sinnMann mat Maschinnegewier gëtt op Bréisseler Gare du Midi festgeholl

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Bréissel kënnt et am Zesummenhang mam Drogenhandel jo ëmmer nees zu Schéissereien.
Dës Foto ass vum 4. Mee 2026, wéi op der Gare du Midi e verdächtege Pak entdeckt gouf.
Dës Foto ass vum 4. Mee 2026, wéi op der Gare du Midi e verdächtege Pak entdeckt gouf.
© MARIUS BURGELMAN/Belga via AFP

Déi belsch Autoritéiten hunn op der Gare du Midi zu Bréissel e Mann mat engem Maschinnegewier festgeholl. De Mann soll eng Kalaschnikow a senger Posch dobäi gehat hunn. Dat mellt d'Agence AFP, déi sech op Informatiounen aus Ermëttlungskreesser beruffen. Wéi et weider heescht, gouf de Mann en Donneschdeg de Moie géint 9:30 Auer op der Bréisseler Gare festgeholl.

Och den Inneminister Bernard Quintin huet matgedeelt, et hätt eng Festnam ginn, ouni allerdéngs weider Detailer ze nennen. Wéi et aus Ermëttlungskreesser weider heescht, hätte Beamte vun de Douane d'Waff entdeckt an d'Police op der Gare ageschalt, déi de Mann du festgeholl hunn.

Wéi de belsche Site "Dernière Heure" mellt, solle de Mann, de festgeholl gouf, vu Frankräich aus an d'Belsch gereest wier.

Zu Bréissel kënnt et am Zesummenhang mam Drogenhandel ëmmer nees zu Schéissereien. Enn August hu beispillsweis zwee Onbekannter mat Maschinnegewierer op eng Police-Statioun geschoss hunn.

Back to Top
CIM LOGO