A PolenManöver vun den Ukrain-Alliéierten am Hierscht

RTL Lëtzebuerg
Laangfristeg soll jo eng multinational Trupp op d'Bee gestallt ginn, déi nom Enn vun der russescher Invasioun d'Sécherheet an der Ukrain soll garantéieren.
De polnesche Premierminsiter Tusk um Bord vun engem EU-Sommet zu Bréissel.
© NICOLAS TUCAT/AFP

D'Länner, déi d‘Ukrain militäresch ënnerstëtzen, hunn elo wëlles, eng gemeinsam Militärübung z‘organiséieren. Fir den Hierscht géif e Manöver a Polen geplangt ginn. Dat fir konkret Sécherheetsgarantie fir d‘Ukrain an d‘Regioun ze preparéieren, esou de polnesche Regierungschef Donald Tusk. D'Zil vun dëser militärescher Koalitioun ass jo, eng multinational Trupp op d‘Been ze setzen, déi nom Enn vum russesche Krich d‘Sécherheet an der Ukrain soll assuréieren.

Back to Top
CIM LOGO