Trump-Regierung hëlt weider Form unMarco Rubio gëtt Ausseminister, Matt Gaetz iwwerhëlt d'Justiz

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend huet den Donald Trump zwee weider Membere vu senger zukünfteger Regierung presentéiert.
© SAUL LOEB, ANGELA WEISS AFP

An engem Schreiwes huet den zukünftegen US-President wësse gedoen, dass de republikanesche Senateur aus dem Florida Marco Rubio de Poste vum Ausseminister wäert bekleeden. Wéi et am Schreiwes heescht. wier de Marco Rubio eng staark Stëmm fir d’Fräiheet, déi d’Interesse vun den USA géif vertrieden. Hie wier e Frënd vun den Alliéierte vun den USA a géif net virun dem Land senge Géigner zécken.

Den Deputéierten am Representantenhaus Matt Gaetz soll dann den nächsten amerikanesche Justiz-Minister ginn. De Gaetz gëtt zum rietse Bord vun de Republikaner gezielt. Hien huet den Donald Trump bis ewell an alleguer dësem senge Konflikter mat der US-Justiz bedéngungslos verdeedegt. Wéi den Trump op senge Soziale Medie schreift, soll de Gaetz de parteipolitesche Mëssbrauch vum amerikanesche Justizapparat stoppen.

Back to Top
CIM LOGO