Dräi DoudesafferMedien-Helikopter iwwer Los Angeles erofgefall

AFP, iwwersat vun RTL
Dem Lokalsender NBC4 zu Los Angeles no sinn dräi Leit ëm d'Liewe komm, wéi een Helikopter iwwert der Stad erofgefall ass.
Beim Absturz eines Hubschraubers des Lokalsenders NBC4 in Los Angeles sind drei Menschen ums Leben gekommen. Der Hubschrauber war am Dienstag (Ortszeit) auf dem Weg in den Stadtteil Chatsworth, um über einen tödlichen Busunfall zu berichten.
Dräi Leit si gestuerwen, wou zu LA een Helikopter erofgefall ass.
© AFP

Den Helikopter wier en Dënschdeg (Lokalzäit) um Wee an de Quartier Chatsworth gewiescht, fir iwwert een déidleche Busaccident ze beriichten, wou Journalisten op der Plaz een haart Knuppen héieren hunn. E puer Reporter hu bericht, datt een Helikopter een Haiserblock méi wäit fort erofgefall wier an datt Damp vun der Plaz géif kommen.

Aus der Loft war effektiv ee Feier ze gesinn, an deem ee Container, eng Rei Autoen an d'Iwwerreschter vun engem Helikopter ze erkenne waren. D'Identitéit vun de Leit u Bord war an engem éischten Ament nach net bekannt. D'Police huet allerdéngs confirméiert, datt er een Helikopter vun engem Medienhaus wier.

Medien-Helikopter iwwer Los Angeles erofgefall
Dem Lokalsender NBC4 zu Los Angeles no sinn dräi Leit ëm d'Liewe komm, wéi een Helikopter iwwert der Stad erofgefall ass.

D'Chaîne NBC4 huet fir d'éischt Live bericht, si kéinte kee Kontakt zu hirem Team hierstellen. D'Reporterin Colleen Williams huet kuerz drop matgedeelt, datt den Helikopter, deen erofgefall war, vun engem Lokalsender wier. "Mir wossten, datt et een Noriichtenhelikopter war. Mir wossten, datt mir de Kontakt zu eise Leit dobausse verluer haten. A mir hunn elo just d'Confirmatioun kritt", esou d'Williams an engem emotionale Livestream.

De Pompjeeën no goufen Dosende Secouristen op d'Plaz geschéckt. Dräi Leit wieren deemno op der Plaz fir dout erkläert ginn, eng wieder Persoun wier an d'Spidol bruecht ginn, huet et an enger Erklärung vun der Police zu Los Angeles geheescht. Een Doudesaffer wier den Donnéeën no ee Foussgänger gewiescht, deen zum Zäitpunkt vum Accident do ënnerwee war.

Am Accident, deen den Helikopter aus der Loft sollt couvréieren, war een SUV an ee Bus gefuer. Dobäi waren dräi Leit ëm d'Liewe komm an nach méi Leit goufe blesséiert.

An der zweetgréisster Stad an den USA ass de Mediemarché haart ëmkämpft a Reporter konkurréieren heiansdo och emol méi aggressiv ëm Geschichten. Dacks kommen Helikopter an den Asaz, fir aus der Loft ze beriichten. U Bord sinn an der Reegel zwee Insassen: De Pilot an de Reporter, deen dacks live aus der Loft filmt a bericht.

Back to Top
CIM LOGO