
Wéi d'Organisatioun Iran Human Rights (IHR) mat Sëtz an Norwegen en Donneschdeg matgedeelt huet, wier d'Doudesstrof 511 Mol am Iran vollstreckt ginn. Op d'mannst 29 Persoune wieren am Zesummenhang mat de regierungskritesche Protester am Januar higeriicht ginn.
Ënnert den Higeriichte wiere 16 Fraen an 13 "politesch Gefaangener", déi verbueden Oppositiounsgruppe sollen ënnerstëtzt hunn. "Sämtlech Hiriichtungen, onofhängeg vun den Uklopunkten, notzen engem klore politeschen Zweck: Angscht ze maachen an nei Protester ze verhënneren", sou den IHR-Direkter Mahmood Amiry-Moghaddam géintiwwer der Noriichtenagence AFP. "Mir sinn immens besuergt, dass dësen Trend sech an de kommende Méint nach verschäerfe kéint."
Den US-President Donald Trump hat en Dënschdeg en Enn vun den Hiriichtunge vun Demonstranten am Iran gefuerdert. Teheran géif "an engem onvergläichlechen Ausmooss Demonstranten ëmbréngen, souguer, wa se guer net demonstréieren", sou den Trump. "Dëst ass eng humanitär Kris mat engem epesche Ausmooss a muss elo gestoppt ginn."
Virun zwou Woche schonn haten iwwer 30 Länner den Iran an enger gemeinsamer Erklärung opgefuerdert, mat den Hiriichtunge vu regierungskriteschen Demonstranten opzehalen. D'Doudesstrof wier just dofir do, d'Bevëlkerung anzeschüchteren an déi ze bestrofen, déi hir Mënscherechter ausféieren. Esou eppes kéint nimools gerechtfäerdegt ginn.
Amnesty International no goufen d'lescht Joer am Iran op d'mannst 2.159 Persounen higeriicht. Zanter Ufank vum Iran-Krich Enn Februar ass d'Zuel vun den Hiriichtungen am Land an d'Luucht gaangen.