
Déi italieenesch Regierungscheffin Giorgia Meloni an déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen hunn an enger gemeinsamer Erklärung virun den Auswierkunge vun "onkontrolléierter Migratioun" gewarnt. Trotz hire politeschen Ënnerscheeder wëllen déi zwou Politikerinnen d’Grenze vun Europa an déi europäesch Wäerter schützen.
Si behaapten, illegal Migratioun géif d’Kriminalitéit an d’Belaaschtung vun den ëffentleche Servicer erhéijen. Béid setze sech dofir fir sougenannt Retourzentren ausserhalb vun der EU an, wou refuséiert Asyldemandeuren zeréck an hir Hierkonftslänner bruecht solle ginn.
D’Debatt ass virun allem duerch d’Evenementer zu Ceuta nees méi staark ginn. Enn Juli an Ufank August ware vun Zéngdausende Migranten aus Marokko an déi spuenesch Exklav komm. Och den EVP-Chef Manfred Weber fuerdert, esou Retourzentren an Afrika séier ëmzesetzen.
Iwwerdeems warnen d’Mënscherechtsorganisatiounen an d’UN viru méigleche Verstéiss géint d’Mënscherechter. D’Zuel vun den irreguläre Grenziwwergäng an d’EU ass an de leschte Joren däitlech zeréckgaangen.