
D'Mënscherechtsgrupp AMDH an eng Vereenegung vu marokkaneschen Organisatiounen, déi hire Siège an Europa hunn, hunn e Freideg vun op d'mannst 141 Doudege geschwat.
Den AMDH-Vertrieder Achraf Mimoun sot bei enger Pressekonferenz an der marokkanescher Haaptstad Rabat, d'Zuel vun den Doudege géif warscheinlech nach klammen. "Et kann een den Ament nach net vun endgültegen Zuele schwätzen." D'Organisatioune beruffe sech bei hiren Zuelen op offiziell Donnéeën, Medieberichter an eege Recherchen.
Den Zuele vun der spuenescher Regierung no hunn an der leschter Woch eng 72.000 Mënschen déi spuenesch Exklav Ceuta, déi nieft Marokko läit, zu Fouss oder iwwer d'Waasser erreecht. Den offiziellen Zuelen aus Spuenien no koumen 80 Leit ëm d'Liewen. Déi marokkanesch Autoritéiten hu vun eelef Doudegen op hirem Gebitt geschwat.
Wuel knapps 2.000 Migrante sinn elo nach zu Ceuta, déi meeschte vun hinne Kanner a Jugendlecher. Si hunn do bal keen Accès zu Drénkwaasser, Liewensmëttel oder séchere Schlofplazen.
D'Mass u Migranten, déi eriwwer an d'Exklav koum, hat d'lescht Woch international fir Schlagzeile gesuergt. Bannent den EU-Memberlänner ass an der Suite deels ee Sträit iwwer d'Sécherung vun den EU-Baussegrenzen ausgebrach. An der Äntwert op Grenzkontrollen, déi Italien no de Virfäll zu Ceuta op Spuenien imposéiert huet, war et e Freideg den Owend d'Noriicht aus Spuenien, datt d'Land sengersäits och Grenzkontrolle mat Italien aféiert.