
Eng Partie Mënscherechtsorganisatiounen hunn den Donald Trump wéinst dësem sengem Virgoe géint den Internationale Strofgeriichtshaff (IStGH) verklot. En Dënschdeg gouf eng entspriechend Plainte bei engem Geriicht zu New York agereecht. An dëser heescht et, dass d'Sanktiounen, déi ënnert dem Trump senger Regierung géingt den IStGH verhaange goufen, géife verhënneren, dass d'Affer vu Krichsverbrieche Gerechtegkeet
D'US-Regierung huet ënnert dem Donald Trump als President Areesverbueter géint eng Rei Riichter a Procureure vum IStGH verhaangen a Verméige vun hinnen an den USA agefruer, dat haaptsächlech wéinst dësen hirem Virgoe géint Membere vun der israeelescher Regierung. D'Mënscherechtsorganisatiounen, zu deenen och Human Rights Watch gehéiert, fuerderen an hirer Plainte, dass d'Sanktiounen zeréckgezu ginn, well se géint US-Gesetzer géife Verstoussen, ënner anerem géint d'Recht op Meenungsfräiheet, dat an der Verfassung verankert ass.