
D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula on der Leyen huet a Paraguay de Mercosur-Fräihandelsaccord mat de südamerikanesche Länner Argentinien, Brasilien, Paraguay an Uruguay ënnerschriwwen, dat am Kader vun enger Zeremonie an der Haaptstad Asunción.
Wéi d’Kommissiounspresidentin bei dëser Geleeënheet sot, hätte béid Säite sech no 25 Joer, wärend deene verhandelt gouf, fir e fairen Handel an eng laangfristeg Partnerschaft mateneen decidéiert. Vum EU-Rotspresident António Costa, deen och zu Asunción op der Zeremonie war huet et geheescht, dass d’Ofkommes e Message vun der Verdeedegung vum reegel-baséierte Fräihandel, vum Multilateralismus a vum Vëlkerrecht als Basis fir d’Relatiounen tëscht de Länner géif ausstralen.
D’Mercosur-Ofkommes gëtt an Europa staark kritiséiert, och hei am Land. Bauere fäerten, dass si wéinst de méi héije Ëmweltschutz-Standarden an Europa géigeniwwer de Baueren aus de Mercosur-Länner e Kompetitivitéitsnodeel hunn, wärend Ëmweltschutzorganisatioune virun negative Konsequenze fir d’Natur warnen.