Frankräich test nei AtomrakéitMessage ass Macron no "kloer an däitlech - an iwwerall ukomm, wou e sollt"

AFP, iwwersat vun RTL
De franséische President Emmanuel Macron war op enger Fregatt vun der franséischer Marinn beim éischten Teststart vun enger atomwaffefäeger Interkontinentalrakéit dobäi. Dat mat engem politesche Message verknëppt.

Frankräich huet eng atomwaffefäeg Interkontinentalrakéit getest. Fir de franséische President Macron "eng immens Demonstratioun vun eiser Glafwierdegkeet", wéi hien op engem Video an de soziale Medie seet.

"Ech denken, de Message ass kloer an däitlech - an iwwerall ukomm, wou en ukomme sollt." Den Optrëtt steet am Kontext vun den internationale Spannungen no hybriden Attacken an Europa, déi Russland zougeschriwwe goufen. De Macron hat fir d'lescht e puer Mol viru "russescher Aggressivitéit a Menacë" gewarnt. Dës géingen "net onbeäntwert bleiwen".

Um Video ass de Macron zesumme mat Zaldoten ze gesinn. Um Horizont ass d'Rakéit z'erkennen. D'Rakéit vum Typ M51.3 gouf dem Elysée no ouni Atomsprengkapp vun engem U-Boot aus ofgeschoss. Gelant ass se am Nordatlantik, e puer Honnert Kilometer vun der nächster Küst ewech.

"Nëmmen e puer Staaten hunn deen Know-How", seet de Macron. "Fir fräi ze sinn, muss ee gefaart ginn. Fir gefaart ze ginn, muss ee mächteg sinn." Déi nuklear Ofschreckung soll Frankräich och an Zukunft schützen.

Déi rezentst Versioun vun der M51 ass eng ballistesch Rakéit, mat där zanter leschtem Oktober e puer franséisch U-Booter ekipéiert goufen. Si gouf am Optrag vun der franséischer Rëschtungsautoritéit vum ArianeGroup bei Bordeaux hiergestallt. An der Géigend gëtt et de Fuerschungszenter Laser Megajoule, wou mat Hëllef vu Laseren déi physikalesch Konditioune bei Atomexplosioune simuléiert ginn.

Frankräich ass nieft Groussbritannien dat eenzegt Land am Besëtz vun Atomwaffen an hat am Mäerz eng méi enk Kooperatioun bei der nuklearer Ofschreckung mat Däitschland, Groussbritannien, Polen, Schweden, Holland, der Belsch, Griicheland an Dänemark annoncéiert. Am Mee koum Norwegen dobäi, am September Finnland. Och Estland a Litauen weisen Interessi.

Déi franséisch Initiativ gesäit bis ewell virun allem gemeinsam Übunge vir. Beim leschten däitsch-franséische Ministerrot am Juli hunn d'Regierunge vu béide Länner ugekënnegt, datt d'Bundeswehr nach dëst Joer eng éischte Kéier bei enger franséischer Nuklearübung dobäi soll sinn. Den däitsche Verdeedegungsministère wollt sech op Nofro hin net zu engem Datum äusseren.

D'Fro, ob a wéi Frankräich an Zukunft Atomwaffen an de Partnerlänner stationéiere wëll, bleift oppen. D'Decisioun iwwer d'Atomwaffe soll just an der Hand vum franséische President Macron bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO