
E Minibus ass op der franséischer Säit vum Äermelkanal mat engem Zuch kollidéiert, deen um Gleis stoung, wou dëse beluede sollt ginn.
Éischten Informatioune vun de lokalen Autoritéiten no sinn de Chauffer vum Bus wéi och 18 Passagéier blesséiert ginn. Fënnef vun de Leit wiere schwéier verwonnt. An engem Statement präziséiert d'Prefektur awer, datt keent vun den Affer a Liewensgefor géif schwiewen. "Et si keng Doudesaffer ze bekloen a bei kenger blesséierter Persoun besteet Liewensgefor".
Am Bus souze lauter Camionschaufferen, déi mat engem "LeShuttle" sollten duerch den Tunnel an England bruecht ginn. Den Accident huet e Groussasaz vun de Rettungsekippen ausgeléist. Ënner anerem war e Rettungshelikopter op d'Plaz geschéckt ginn.