
Gutt zwou Wochen nom Enn vun de gréisste Bëschbränn a Frankräich zanter Joerzéngten huet de Premier Sébastien Lecornu d'Virgoe vun den Autoritéite verdeedegt. "Mir hunn näischt ze verstoppen", sot hien e Méindeg zu Mérignac bei Bordeaux. D'Entscheedungen iwwer d'Läsch- a Rettungsaarbechte wieren net zu Paräis, mee gréisstendeels op der Plaz getraff ginn, huet hien erkläert.
De Lecornu war e Sonndeg zu Le Porge mat Betraffenen zesummekomm. An der Uertschaft un der Atlantikküst, westlech vu Bordeaux, waren Enn Juli 183 vun 250 Haiser ofgebrannt. Wéi hien e Méindeg de Moie rëm dohi war, ass hie vu ronn 200 Awunner, déi sech schwaarz ugedoen haten, ausgebut ginn. An der Regioun sinn d'Erwaardunge grouss, dass d'Regierung den Neesopbau massiv ënnerstëtze wäert. Dass d'Mënschen an der Géigend, déi alles verluer hunn, rose sinn, wier normal, sou de Lecornu bei senger Renconter mat eng Rei Ministeren a Vertrieder aus der Regioun.
Iwwerdeems gëtt en neie Brand, ronn 100 Kilometer südlech vu Bordeaux, dru gehënnert sech auszebreeden. Zanter leschten Donneschdeg sinn hei ronn 1.700 Hektar Land verbrannt. Ronn 250 Awunner hunn e Méindeg nees dierfen zréck an hir Haiser goen. De Brand Enn Juli hat méi wéi 42.000 Hektar verwüüst, sou vill wéi zanter 1949 net méi. Am Ganze sinn dëst Joer a Frankräich méi wéi 100.000 Hektar Bësch ofgebrannt.