Fir d'éischt den Diesel-Deal mam Putin, dunn de perséinlechen Ugrëff op den ukrainesche President Selenskyj: ''Et wier un der Zäit, datt d'Ukrain en neie President kritt". A achlussendlech eng soit-disant Wafferou fir Energie-Infrastrukturen, un déi sech Moskau net hält. Wat fir eng Roll spillt den US-President Trump den Ament am Ukrain-Krich?
Déi Fro huet e Méindeg och bei bilateralen Entrevuen tëscht dem ukraineschen Ausseminister Andriy Sybiha a Lëtzebuerger Politiker beschäftegt. Wéi beim Empfang vum Chamberpresident Claude Wiseler an dem President vun der Aussepolitescher Kommissioun Gusty Gras an der Chamber.
"De President Selenskyj huet bestätegt, datt mir bereet si fir e Waffestëllstand am Energieberäich. Jo, mir si bereet. De President Selenskyj confirméiert och, datt mir bereet sinn, Walen z'organiséieren. Mee mir brauchen déi passend Sécherheets-Bedingungen, fir dës Walen z'organiséieren – op d'mannst zwee Méint. Mir sinn am Krichszoustand. Mir hunn 8 Millioune Leit am Ausland. Wéinst dem Krich hu mir eng Millioun Zaldoten. Mir brauchen, wéi Dir gesitt, déi richteg Konditioune fir dat alles, internationale Standarden no, z'organiséieren."
Sou eng ganz diplomatesch Äntwert vum ukraineschen Ausseminister Andriy Sybiha, op engem Ament wou aneren EU-Politiker de Gedoldsfuedem räisst.
De Margus Tsahkna, Ausseminister an Estland: "Dëse Waffestëllstand am Energieberäich funktionéiert net – dat huet och de President Selenskyj gesot. Tatsächlech attackéiert Russland d'Ukrain ëmmer méi. Mir an Europa mussen eis also dorop konzentréieren, wat mir selwer maache kënnen: Haut setze mir eng 1.600 Verméigen, Firmen a Persounen op déi ëmfangräichst Lëscht, déi d'Europäesch Unioun jeemools opgestallt huet. Et ass immens wichteg, datt mir weider Drock op Russland maachen."
Genee déi Wierder huet den Andriy Sybiha de ganzen Dag iwwer ëmmer nees hei zu Lëtzebuerg widderholl. Mat méi Sanktiounen, dem Afréiere vu Verméigen a weider Isolatioun.
Am Zesummenhang mam Krich an der Ukrain hunn e Méindeg de Moien hei zu Lëtzebuerg d'EU-Ausseminister weider 1.600 Persounen an Organisatiounen op d'Sanktiounslëscht bäigesat. Sou vill nei Sanktioune gouf et nach ni op ee Coup, zanter dem Ufank vum russeschen Ugrëff op d'Ukrain. D'EU bleift deemno hirer Ligne trei, iwwerdeems d'Handele vum US-President fir direkt Kritik suergt.
Op der anerer Säit ass den ukraineschen Ausseminister sech es awer och bewosst, datt de Krich net ouni d'Ënnerstëtzung vun engem Partner, nieft der EU, op en Enn goe kann.
"Mir brauchen d'USA. Et ass net realistesch, dëse Krich ouni Amerika op en Enn ze bréngen."
Ganz schwiereg Méint stéinge virum ukrainesche Vollek. E weideren, haarde Wanter. Wou et fir d'Ukrain, nieft Ënnerstëtzung am Energieberäich, op eent ukënnt:
"An dëser Phas hu mir net genuch Loftofwierrakéiten, fir virun allem déi russesch ballistesch Rakéiten ofzeschéissen. Russland ka bis zu 140 ballistesch Rakéiten de Mount produzéieren. Si hunn och bis zu 600 ballistesch Rakéiten am Lager. Fir duerch de Wanter ze kommen, brauche mir op d'mannst 300 Loftofwierrakéiten. Mir schaffen zesumme mat eise Partner dorun, wéi mir esou Quantitéiten u Rakéite kréie kënnen, fir den ukrainesche Loftraum ze schützen", sou den Andriy Sybiha.
D'Russe géife probéieren, dat ukrainescht Vollek moralesch fäerdeg ze maachen. Ma d'Ukrainer géifen duerhalen.
Der Lëtzebuerger Regierung, dem Parlament an doriwwer eraus dem ganze Lëtzebuerger Vollek seet den Andriy Sybiha Merci, fir déi onermiddlech Ënnerstëtzung, zanter dem Ufank vum Krich.
Dat ganzt Schreiwes zu der Visitt vum ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha fannt Dir um Site vum Ausseministère.