
De 14. August wier eng Dron op engem Feld am Kabelsketal westlech vum Flughafe fonnt ginn, huet et vu "Süddeutscher Zeitung", NDR a WDR geheescht. D'Police hätt op där Plaz ausserdeem eng Substanz entdeckt, bei där et sech éischten Aschätzungen no ëm militäresche Sprengstoff handele kéint. Deemno kéinten et ronn 50 Gramm vum héichexplosive militäresche Sprengstoff Hexogen sinn.
"D'Täter hate wouméiglech een däitlech méi groussen Ugrëff am Sënn, wéi bis ewell bekannt", hunn NDR a WDR geschriwwen. D'Bundesanwaltschaft, déi d'Ermëttlungen an dem Fall leet, huet sech deemno op eng Ufro nach net geäussert.
Um Owend vum 4. August war um Fluchhafe Leipzig eng Dron entdeckt ginn, déi mat Sprengstoff beluede war. An der Géigend waren direkt e puer ukrainesch Cargo-Fligeren. De Fluchhafe gëllt als wichtegen Transitpunkt fir militäresch Hëllefsliwwerunge fir d'Ukrain am Krich géint Russland.
Wéi d'Bundesanwaltschaft zwee Deeg méi spéit matgedeelt huet, géif et tatsächlech Indicen dofir ginn, datt um Terrain vum Fluchhafen "mat enger Dron eng Explosioun sollt ervirgeruff ginn." Un der Dron wiere professionelle Sprengstoff an een Zünder montéiert gewiescht.
Kuerz drop ass ausserdeem eng Cargo-Maschinn, déi wéinst dem Virfall huet missen duerchstarten, an der Loft mat engem Géigestand zesummegeknuppt - "warscheinlech enger weiderer Dron", wéi d'Bundesanwaltschaft de 6. August erkläert huet.
D'Bundesanwaltschaft huet d'Ermëttlunge vun der Generalstaatsanwaltschaft Dresden iwwerholl. Si huet vun engem "schwéieren Ugrëff op d'Transport- a Logistikinfrastruktur an Däitschland" geschwat. D'Dot kéint d'Sécherheet an Däitschland menacéieren. Déi polizeilech Ermëttlungen huet d'Bundeskriminalamt iwwerholl.
Am Kader vum Dronevirfall um Fluchhafe gouf och dat verloossent Duerf Kursdorf an der Géigend duerchsicht, wéi eng Spriecherin vun der Bundesanwaltschaft confirméiert huet. Detailer huet si keng genannt. Berichter vun der "Zeit" a vum ARD no sollen Zeie scho Stonne virun der Decouverte vun der Sprengstoff-Dron eng Detonatioun zu Kursdorf héieren hunn. Duerno wier do ee Fleck verbrannte Buedem fonnt ginn.
Onkloer ass nach ëmmer, wien hannert de presuméierten Ugrëff stécht. De Bundesinnenminister Alexander Dobrindt (CSU) sot d'lescht Woch bei der Ouverture vun engem Zentrum fir Dronesécherheet a Sachsen-Anhalt, datt hie Verbindungen zu anerem Ugrëffspläng fir méiglech hale géif: "Leipzig ass kee singuläre Fall, Leipzig ass Deel vun engem gréissere Konstrukt."
Neie Medieberichter no solle Sécherheetskreesser dovun ausgoen, datt russesch Geheimdéngschter an de Plang involvéiert waren. Moskau huet eng Bedeelegung zeréckgewisen.