
Dat war bis ewell refuséiert ginn, esou dass si e Méindeg mat engem Hongerstreik ugefaangen hat. Si muss dréngend wéinst Häerzprobleemer behandelt ginn.
D‘Narges Mahammadi spillt eng zentral Roll am Kampf fir Fraerechter a Meenungsfräiheet am Iran. Si setzt sech zanter Joerzéngte géint d‘Kappduchflicht a géint d‘Doudesstrof an. Zanter 1998 ass si ëmmer erëm verhaft an ausgepeitscht ginn. Zanter 2021 ass si wéinst “Propaganda géint de Staat” am Prisong.
Fir hiert Engagement huet d‘Narges Mohammadi uganks Oktober de Friddensnobelpräis kritt. Hir Duechter Kiana an hiren Zwillingsbrudder Ali hunn de Präis fir si ugeholl. D‘Famill ass a Frankräich geflücht.